Den Adriano Selva kënne vill Leit nach ënnert sengem Kënschtlernumm CHAiLD. Mëttlerweil huet hien dëse Kënschtlernumm ofgeluecht.
Hie séngt awer net nëmmen, mee schreift och Lidder fir aner Kënschtler.
2024 wollt hien et schonn emol op déi grouss Eurovisiounsbün op Malmö packen, um Enn ass et awer net duergaangen, fir sech géint d'Tali ze behaapten. Den Adriano huet et awer dëst Joer op d'Eurovisioun gepackt an zwar huet hien d'Lidd fir de slowakesche Kënschtler ADONIX geschriwwen. Dësen trëtt fir Tschechien dëst Joer beim ESC un a steet och an der zweeter Halleffinall op der Bün. Den Adriano gouf am September vum ADONIX gefrot, ob hien net wéilt mat un engem Lidd fir den ESC schreiwen. Zu London huet ee sech dunn ënner Kolleege getraff a bannent puer Deeg ass "Kiss Kiss Goodbye" entstanen. An dësem Lidd geet et ëm eng ganz perséinlech Geschicht vum Slowak. Säi Papp wier scho ganz fréi fortgaangen an hätt d'Famill am Stach gelooss. Mam Lidd wëll de Sänger kloer maachen, datt hien och net méi brauch zeréckzekommen. Den Adriano huet e bëssen um Text matgeschriwwen an ass haaptsächlech fir d'Melodie am Lidd zoustänneg gewiescht.
Hien ass e Mëttwoch op Basel komm, fir den tschecheschen ESC-Act ze ënnerstëtzen. Hien notzt awer och seng Chance, fir op der Plaz vill nei Leit kennenzeléieren. An der Museksindustrie wier dat immens wichteg a säi groussen Dram wier dann och nach, weiderhin emol selwer um Eurovision Song Contest opzetrieden. Hie géing permanent nei Lidder schreiwen a bestëmmt schéckt hien och nach emol e Lidd fir d'Lëtzebuerger ESC-Virentscheedung eran.