D'Laura Thorn huet de Sprong an d'Finall gepackt. E Samschdeg steet d'Sängerin eng weider Kéier op der grousser ESC-Bün. Dës Kéier an der Finall.
Et war en emotionalen Dag fir d'Laura Thorn. Um Mikro vum Loïc Juchem sot d'Sängerin nodeems et de Sprong an d'Finall gepackt huet:
"Ech sinn duerch all d'Emotiounen haut gaangen, laachen, kräischen, hysterescht kräischen an hysterescht laachen, voilà, an elo sinn ech op der Down-Phas, lo sinn ech esou, ok, do hunn ech mech berouegt an elo sinn ech midd."
Zu engem gewëssen Ament huet d'Sängerin sech Suerge gemaach, ob si et wierklech géif an d'Finall packen. Et sinn eng Rei Länner virukomm, déi een esou net um Schierm hat.
D'Laura Thorn huet säin Optrëtt zu honnert Prozent genoss:
"Ech menge mir hunn dat scho sou laang geprouft, dass ech net méi muss esou konzentréiert sinn op der Bün. Et leeft e bësse vum selwen. Et ass alles am Kierper, an de Muskelen dran."
De Kierper wéisst genee wat e maache misst, doduerch kéint de Kapp ofschalten, esou d’Museksproff.
Nom Optrëtt geet et an d’Bett
Vill Zäit bis d’Finall e Samschdeg bleift elo net. Feiere war um Donneschdeg den Owend och net méi ugesot, mee nom Sprong an d’Finall, kënnt just nach de Sprong an d’Bett.
"Lo musse mer muer erëm fréi opstoen, mir verbréngen anscheinend 15 Stonnen hei erëm muer."
Um Freideg wärend de Prouwe vergëtt och d’Jury schonn d’Punkten, deemno misst een dat och ganz eescht huelen:
"Ech muss elo méi wéi virdrun nach op meng Stëmm an op mech oppassen."
Elo wou d’Laura Thorn säin Zil erreecht huet, kéint et souverän an d’Finall goen. D'Klassement wier elo e bëssen egal, virop géif et elo drëms goen, Spaass ze hunn.
Déi éischte Kéier op der ganz grousser Bün
An enger éischter Reaktioun direkt nom Optrëtt war d'Laura Thorn voll Energie an Emotiounen.
"Dat mécht eppes mat engem op där Bün ze stoen. Ech hunn dat elo einfach esou erlieft, wéi wann et déi lescht Kéier wier."
An d'Finall ze kommen, wier elo nach ee Bonus. D'Lëtzebuergerin sot, et wier definitiv eppes, wat d'Musekerin nach eemol wéilt erliewen. D'Zil vum Optrëtt wier et gewiescht, dat Bescht ze maachen:
"An dat hunn ech elo och gemaach. Dat heescht, ech hunn et genoss an ausgenotzt."