A Kombinatioun mam Street Food Festival zu Schëffleng gouf och e Public Viewing fir de Eurovision Song Contest organiséiert.

An der zweeter Halleffinall ass d’Laura Thorn opgetrueden, déi jonk Sängerin ass gebierteg vu Schëffleng, dofir war et passend, dëse Public Viewing op der Gemengeplaz z’organiséieren.

“D’Laura Thorn ass e Schëfflenger Meedchen. Dat ass dat éischt, wat mir an de Kapp komm ass: komm mir maachen dat zu Schëffleng, mir zéien dat grouss op. Ech si selwer groussen Eurovision-Fan. Ech hu mir geduecht, dann huelen ech dat ënnert de Grëff a mir organiséieren dat am grousse Stil”, esou de Moreno Pizzoni, Organisateur vum Evenement.

Virum Livestream um 21:00 Auer hate si eng Show organiséiert, fir de Public an d’Stëmmung vun der Eurovisioun ze bréngen. Dorënner war Live-Musek, ewéi och e Video-Message vum Tali, dat d’lescht Joer Lëtzebuerg um ESC vertrueden huet.

E Samschdeg ass erëm e Public Viewing vun der Finall, wou d’Laura Thorn als zweet Land säi Lidd wäert sangen.