
© FABRICE COFFRINI AFP
Et war knapp gi mat Israel, ma um Enn huet Éisträich sech konnten duerchsetzen a wënnt déi 69. Editioun vum ESC.
Mat "Wasted Love" konnt den JJ an der Nuecht op e Sonndeg iwwerzeegen. 436 Punkte gouf et am Ganzen. Bei der Jury, déi iwwer d'Hallschent vun de Punkte vergëtt, louch hie mat 258 Punkten kloer vir. Beim Public dogéint louchen Israel, Estland a Schweden virum Éisträicher.
No der Show konnt hien et bal net gleewen, hien hätt 150 Prozent ginn an hie wier frou, dass Europa säi Lidd sou gär hat.
"Et war déi schlëmmsten an déi längsten Zäit a mengem Liewen, do ze waarden. A wéi den duebelen Ecran just nach eis Zwee ugewisen huet, duecht ech 'oh mäi Gott, dat si just 100 Punkten ewech vun deem anere Land' an du krute mir méi Punkten a waren domat den offizielle Gewënner. Dat war scho geckeg."
De kompletten Interview vum JJ
Ma wien ass de 24 Joer jonke Sänger iwwerhaapt?
Vum Operesänger op den ESC
Gebuer gouf den JJ zu Wien als Bouf vun engem éisträicheschen IT-Spzialist a philippinnescher Kächin, opgewuess ass hien awer zu Dubai. Säi Wee huet hien 2016 nees op Wien bruecht, wou hien un der Wiener Staatsoper studéiert huet.
2020 huet hie sech eng éischte Kéier op eng grouss Bün getraut an huet bei der Show "The Voice UK" matgemaach. Do hat hien et bis an d'Konck-outs gepackt. D'Joer dono hat hien et nach emol bei der Castingshow Starmania probéiert a koum do bis an déi éischt Finall.
Elo huet hien et also gepackt, hien huet déi 69. Editioun vum Eurovision Song Contest gewonnen. Domat ass Éisträich dann nächst Joer Host-Land an dat domat elo fir d'Drëtt. Fir d'lescht hat d'Conchita Wurst de Concours fir d'Land am Joer 2014 gewonnen.