Och wann et duergaangen ass, fir an d'Finall ze kommen, konnt d'Laura Thorn um Enn "nëmmen" eng 22. Plaz um ESC erreechen. Un der Performance vun der Lëtzebuergerin dierft et awer definitiv net gehaangen hunn, si selwer ass op alle Fall houfreg op d'Performance.
Am RTL-Interview direkt no der grousser ESC-Show huet d'Laura Thorn sech immens positiv gewisen a betount, dass d'Haaptzil vun Ufank u war, fir an d'Finall ze kommen. Keng Spuer awer vun Enttäuschung iwwert eng 22. Plaz, am Géigendeel, et géif een nom Owend weider feiere goen, dat souguer deemno wéi déi ganz Nuecht.
Fir d'Laura Thorn war d'ESC-Finall nees eng richteg "Achterban-Fart vun de Gefiller" gewiescht an d'Sängerin betount, dass ee frou war op der Positioun 2 opzetrieden, well een dono d'Show einfach konnt ouni Opreegung genéissen, dat niewebäi op exklusiv gudde Plazen am faméise Green-Room.
"Mir hunn eis méi erwaart, muss ech ganz éierlech soen, ech sinn trotzdeem net enttäuscht", sou d'Laura Thorn op d'Fro, wéi et sech mat der Plaz 22 um Enn fillt. D'Zil fir an d'Finall ze kommen, hätt ee gepackt. An op een elo 22. oder 5. um Enn gëtt, géif schlussendlech näischt fir d'Laura änneren. Et hätt "dem Ego" warscheinlech gutt gedoen, wann een méi héich nach positionéiert gewiescht wier, ma et géif awer näischt un der Situatioun fir d'Laura änneren.
D'Lëtzebuerger Kandidatin ass einfach frou, dass et d'Chance hat, d'Erfarung vum ESC hautno matzëerliewen, reegelrecht en Deel dovunner ze sinn. "Mir sinn all extrem stolz op dat wat mir gemaach hunn, mir hunn eng gutt Show ofgeliwwert, mir hu gutt gedanzt, gutt gesongen a ganz éierlech, fir mech ass dat méi wichteg, dass mir stolz op eis sinn a vläit eng manner gutt Plaz hunn, wéi dass mer onzefridde wieren mat deem, wat mer gemaach hunn an eng méi héich Plaz kritt hätten."
Support vum Noper, der Belsch, direkt no der Show
No der Show krut d'Laura Thorn iwwregens direkt Gratulatiounen aus der Belsch, nämlech vum Red Sebastian. Hien hat et mat sengem Lidd "Strobe Lights" zwar leider net an d'ESC-Finall gepackt, ma war awer um Owend vun der grousser Finall do, fir der Lëtzebuergerin seng Gléckwënsch a säi Support ze ginn.