
© AFP
Den JJ, Gewënner vum Eurovision Song Contest, huet no senger Victoire eng Debatt iwwer d'Participatioun vun Israel beim Concours ausgeléist.
De 24 Joer jonken ESC-Gewënner fuerdert, dass den Event d'nächst Joer ouni Israel op der Bün organiséiert gëtt. Ganz explizitt sot de Johannes Pietsch, wéi den JJ gebierteg heescht, an engem Interview mat der spuenescher Zeitung El Pais:
"Et ass enttäuschend, dass Israel nach beim Concours dobäi ass [...] Ech géif mir wënschen, dass de Eurovision Song Contest d'nächst Joer zu Wien ass, ouni Israel. Awer de Ball läit bei der EBU. Mir Kënschtler kënnen eis net dozou äusseren."
De Sänger huet seng Ausso allerdéngs misse relativéieren, op politesch motivéiert Fuerderunge geet d'EBU nämlech net an. Den éisträichesche Sender ORF huet spéider richteggestallt, dass dem JJ seng Ausso "seng privat Meenung" erëmgespigelt hätt, fir hie stéing beim ESC d'Musek a seng kënschtleresch Leeschtung am Vierdergrond. D'Europäesch Rundfunkunioun (EBU) huet als Organisateur vum Eurovision Song Contest kloer Richtlinnen, déi Politik an Entertainment trennen.
Ma och d'EBU selwer huet sech no den Aussoe vum JJ zu Wuert gemellt. Hir Roll wier et, de Gesangsconcours z'organiséieren, bei deem Zesummenhalt, Diversitéit an Inclusioun grouss geschriwwe sinn. Et géif ee sech donieft als Zesummeschloss ëffentlech-rechtlecher Rundfunkinstitutioune gesinn an dat net op staatlechem Niveau. "Dës si berechtegt, all Joer um Eurovision Song Contest matzemaachen, soubal si déi erfuerderlech Viraussetzungen erfëllen."
En Affekot huet carrement verlaangt, dass Éisträich sollt disqualifizéiert ginn. De bekannte Kölner Affekot Ralf Höcker verurteelt d'Aussoe vum JJ. A sengen Ae misst den ESC d'nächst Joer zu Tel Aviv sinn ouni "Den Antisemitt, deen een nodréiglech disqualifizéiere misst. Géintiwwer der Berliner Zeitung sot hien, en "ESC-Participanten dierfen de Concours de Statutten no net als Plattform fir politesch Propaganda mëssbrauchen", scho guer net "op esou eng degueulasse Manéier".
Israel hat beim Public-Voting déi meeschte Stëmme kritt, d'Participatioun vum Land gouf an de leschte Méint awer wéi wéi eemol kritiséiert. Hannergrond sinn déi aktuell Entwécklungen am Krich a Gaza, respektiv d'ëmstriddent Virgoe vun der israeelescher Arméi an der Gazasträif. Virum JJ hat och schonn Nemo sech fir en Ausschloss vun Israel ausgeschwat, nieft 70 fréieren ESC-Participanten, déi sech viru Kuerzem an engem oppene Bréif geäussert haten.