All Joer huet den ESC en immens grousse Succès, ma dëst Joer hat e wuel dee gréissten Impakt a ka sech zu Recht zum weltwäit gréisste Kultur-Event zielen.

Déi 69. Editioun, déi jo dës Kéier zu Basel an der Schwäiz war, huet am Ganzen 166 Millioune Spectateure weltwäit ugezunn. Dat sinn der 3 Millioune méi wéi nach d'lescht Joer, déi sech d'Halleffinallen, respektiv d'Finall vum Museksconcours op de Mediekanäl ugekuckt hunn.

D'Finall huet mat 47,7 Prozent nach méi Spectateuren erreecht wéi d'lescht Joer. Et ass och opgefall, dass dës Kéier och méi Jonker sech d'Showen ugekuckt hunn. 60,4 Prozent vun de Spectateure waren deemno tëscht 15 a 24 Joer al, och dat en neie Rekord.

Besonnesch vill gouf d'ESC-Finall dëst Joer nees bei eisen däitschen Nopere suivéiert. Mat 9,1 Millioune Spectateuren ass dat dee beschte Wäert zanter 2016. Ma och a Polen hat den ESC grousse Succès bei de Leit mat 4 Millioune Views, ëmmerhin dräi Mol méi, wéi d'lescht Joer. Griicheland huet dann och iwwerrascht mat der héchster Zuel u Spectateuren (2,8 Milliounen) zanter 2010. D'Schwäiz als Host-Land kënnt op am Ganzen 1,1 Millioune Views. An anescht wéi am Ausland, gëtt et fir de Lëtzebuerger Marché keng genee Zuelen.

Besonnesch markant ass awer de groussen Undeel u jonke Spectateuren tëscht 15 a 24 Joer. War de Concours schonn d'lescht Joer immens beléift, sou gouf et dëst Joer dann och nees e Rekord bei dësen Zuelen mat 60,4%, déi sech d'Finall ugekuckt hunn. Bei de "unique viewers" kënnt een op 60,7 Milliounen, dat aus 232 Länner oder Territoiren.

Den offiziellen ESC-YouTube-Chanel konnt dann och e Rekord verbuche mat 9,3% méi Views am Verglach zu Malmö 2024. Wärend der ganzer Eurovision-Period - also vum 3. bis de 24. Mee - kënnt een op 369,5 Millioune Useren, déi de Kanal ugeklickt hunn.

Beim Voting gouf an 146 Länner ofgestëmmt. Ënnert de Länner, déi net beim Concours matmaachen, awer mat wielen dierfen, koumen déi meeschte Stëmmen aus den USA, dono Kanada, Rumänien, Slowakei, Mexiko, Tierkei, Ungarn, Kosovo, Vereenegt Arabesch Emiraten a Südafrika.

Héchsten Zuel vun allen Zäiten am Digitalen

Den ESC ass jo net just wärend där enger Woch am Mee, ma ka schonn zu engem globale Phenomen gezielt ginn. Vu Januar un hu sech Millioune Fans um offizielle Site schlau gemaach. Op TikTok, Instagram, Facebook, Youtube, Whatsapp an och Reddit wiere sou vill Fans ënnerwee gewiescht, wéi nach ni virdrun an der ESC-Geschicht.

Eleng duerch Videoe koume ganzer 748,5 Millioune Views op TikTok zesummen, op Instagram waren et 969 Milliounen an op Facebook 161 Milliounen.

Da koum dëst Joer nach "My Eurovision Party" op Roblox nei dobäi. Dës ass aus enger Zesummenaarbecht tëscht der EBU an 9 Membere respektiv Senderen entstanen. 1,2 Millioune Visiteure waren am Videospill an dat aus 183 Länner.

D'Charts a Streaming-Plattforme waren dominéiert vum ESC 

Eleng am Mee hu 35 ESC-Lidder et an d'Top 100 op iTunes an der Kategorie "Apple Music Daily" an iwwer 40 Länner gepackt. De Gewënner vun dësem Joer huet et mat sengem Lidd "Wasted Love" an 38 Länner an d'Charts gepackt, dovun 20 Mol an den Top 10 a 5 Mol op der Plaz 1.

Op Spotify war d'offiziell Playlist vum Eurovision Song Contest 2025 och dëst Joer nees déi meescht gestreamte Playlist um Dag vun der Finall. Dräi Lidder sinn do awer besonnesch ofgehuewen: Wasted Love vum JJ, Espresso Macchiato vum Tommy Cash a Bara Bara Bastu vu KAJ. D'Gewënner-Lidd huet et dann och an 29 Länner hei an d'Charts gepackt, an Éisträich, Schwäiz a Lëtzebuerg souguer op d'Plaz 1.

RTL

© Eurovision Song Contest / Facebook

Den Host-City-Impakt

Iwwer 500.000 Persounen hu vun de sëllegen Aktivitéiten an Evenementer wärend der ESC-Woch an der Schwäiz profitéiert. Iwwer 100.000 goufen eleng bei der Ouvertureszeremonie gezielt, nach emol 100.000 an der St. Jakobshallen an an der Arena Plus an 343.000 waren am Eurovision Village ënnerwee.

Net fir näischt waren an där Woch och 95% vun den Iwwernuechtungsméiglechkeeten ausgebucht.

D'Fans aus 83 Länner hate fir sämtlech 9 Showen an der ESC-Woch vum 11. bis 17. Mee, dat heescht och d'Prouwen, Tickete kaf. Iwwer 1.000 Journalisten aus op d'mannst 50 Länner hate sech ugemellt.