
D'Waarden huet en Enn: RTL kann elo confirméieren, dass Lëtzebuerg och d'nächst Joer nees beim Eurovision Song Contest dobäi ass.
Nodeems den JJ mat "Wasted Love" zu Basel gewonnen huet, ass den ESC dann 2026 an Éisträich. Verschidde Stied, dorënner Wien an Innsbruck, mee och Oberwart a Wells hunn direkt Interessie ugemellt, fir d'Evenement Mëtt Mee 2026 auszedroen. De Choix vun der Staat soll den 8. August bekannt ginn.
D'Rekord-Editioun 2025 vum Eurovision Song Contest ass vun 166 Millioune Leit op der Tëlee gekuckt ginn.
No de remarkabele Performancë vum Tali a vum Laura Thorn geet d'Sich nom nächste Vertrieder fir Lëtzebuerg op der grousser Eurovisiounsbün domat geschwënn nees lass.
De Choix vum Lidd, dat de Grand-Duché 2026 representéiert, wäert och dëst Joer nees iwwer eng national Selektioun an der Rockhal lafen - de Luxembourg Song Contest, dee vun RTL organiséiert an diffuséiert gëtt.
D'Konditiounen, fir sech als Kandidat ze mellen, ginn an deenen nächste Woche bekannt.