Zanter e Freideg den Owend gesi sech an der Rockhal vill Professioneller aus dem Museksbusiness, fir un ESC-Lidder ze schreiwen.
Et ass déi zweete Kéier, datt dëse Eurovision Songwriting Camp an der Rockhal organiséiert gëtt. 86 Leit aus ganz Europa hate sech ugemellt, 45 goufen der zeréckbehalen. Zanter e Freideg den Owend an nach bis en Dënschdeg ginn hei pro Dag minimum 6 Lidder geschriwwen, agesongen a produzéiert.
Fir ee Lidd huet een een Dag Zäit. Eng 26 lokal Participante sinn dobäi, dat als Artist, Songwriter oder Produzent. Dorënner ënner anerem och den Adriano Selva, EDSUN, Luzac, OKE, Josh Island oder d’Irem Sosay. Si alleguerten hunn een Zil: um Enn vum Dag e potenziellen ESC-Hit ze hunn. Puer vun den Artisten hu sech direkt e puer Deeg fir de Camp ageschriwwen, hunn also um Enn och e puer Lidder, déi si kënne fir de Luxembourg Song Contest proposéieren.
A 7 verschiddene Raim am Rocklab goufen deemno all Dag Lidder geschriwwe mat Gruppe vun 3 bis 4 Leit. A fir datt déi perfekt Lidder entstinn, hat een an och 19 international Gäscht an d'Rockhal invitéiert, an dat waren och Leit, déi an der ESC-Welt vill Experienz hunn. D'Linda Dale zum Beispill, huet de Gewënnertitel vun 2024, NEMO – The Code, geschriwwen. Och den Thomas Stengaard war invitéiert, hien ass responsabel fir d'ESC-Lidd fir Groussbritannien dëst Joer zu Basel a stécht och hannert dem ESC-Gewënnerlidd 2013.
Natierlech dierfe mer Iech nach net weisen, wei déi verschidde Lidder kléngen, déi elo déi lescht Deeg entstane sinn, mee deen een oder anere Song gëtt bestëmmt released an ass vläicht souguer op der Bün vum Luxembourg Song Contest 2026 ze héieren.
En Dënschdeg de Moie gouf jo och offiziell annoncéiert, datt Lëtzebuerg beim ESC 2026 an Éisträich mat dobäi ass.