Dëse Weekend waren d'Castinge fir de Luxembourg Song Contest um Kierchbierg am RTL-Gebai.

Mat 58 verschiddenen Artisten an 83 agereechte Lidder war de Choix fir d'Jury méi grouss, wéi nach dat Joer virdrun. Dat mécht d'Aufgab net méi einfach. Si dierfe just e puer Finaliste weiderloossen, déi dann am Januar op der Bün vum Luxembourg Song Contest an der Rockhal stinn. A wien do gewënnt, representéiert Lëtzebuerg um ESC 2026 am Mee zu Wien.

De Ludovic-Alexandre Vidal ass dëst Joer Deel vun der internationaler Jury an erkläert wat si sichen:

"On cherche un peu cet instant magique. Cette chanson qui fait que les gens vont se sentir représenter par cette chanson, ce qui va représenter tout un pays derrière. Et du coup, qu'elle va être le message? Et comment va-t-on se retrouver dedans? Il ne faut pas oublier que les chansons de l'Eurovision sont des chansons qu'on écoute, mais qu’on va voir aussi après en spectacle sur scène. Donc on imagine aussi qu’elle va être le potentiel scénique derrière et c'est vraiment ce qu'on cherche aussi."

De Ludovic-Alexandre Vidal huet d'lescht Joer um LSC Gewënnerlidd "La poupée monte le son" matgeschriwwen a freet sech dëst Joer op der anerer Säit vum Concours ze stoen an Deel vun der Jury ze sinn.

Änlech ass et bei der Artistin a Songwriterin Elsie Bay aus Norwegen. Si hat bei der éischter Editioun vum LSC dat zweetplacéiert Lidd Drowning in the Rain geschriwwen an ass elo an der Jury. Grad esou wéi de Gísli Berg aus Island, d'Karin Gunnarsson aus Schweden an de Paul Jordan aus Groussbritannien.

Dëst Joer wäert de Luxembourg Song Contest am Januar nees an der Rockhal live sinn a gëtt och op der Tëlee wéi déi Jore virdru sinn.

Bleift d'Fro, wien a wéi vill Kandidaten et dann um Enn an déi grouss Show am Januar gepackt hunn. Esou laang muss ee sech net méi gedëllegen. Dësen Donneschdeg de Moien um 6.50 Auer wäerten d'Finalisten alleguerte matenee public gemaach ginn. Um Radio an op RTL.lu. Am Laf vum Dag léiert dir d'Artisten dann och nach besser kenne mat klenge Portraiten.