Zu Moskau war en Samschdegowend d'Finale vum Grand Prix Eurovision de la Chanson: De Norweger Alexander Rybak huet mat sengem Lidd "Fairytale" gewonnen.

Mat Käschten vu 24 Milliounen Euro gouf zu Moskau déi bis ewell deierst Show an der Grand Prix Geschicht produzéiert.

Zweet war Island mam Yokanna an dem Song "Is it true?" an drëtt Aserbaidjan mam Duop Arash an AySel mam Lidd "Always".

RTL

Däitschland koum mam Duo "Alex swings Oscar sings" wou d'Dita von Teese derbäi gedanzt huet, nëmmen op di 20. Plaz vu 25 mat 35 Punkten. Frankräich mam Patricia Kaas, di Favoritin war, koum nëmmen op di 8. Plaz.

Virun der Show war eng Homosexuelle-Parade geplangt. Déi gouf awer verbueden. Nationalistesch a reliéis motovéiert Gruppen wëllen elo géint déi Homosexuell demonstréieren.

RTL