Bannent 20 Minutte waren e Méindegmoien alleguer d'Tickete fir den "Eurovision Song Contest" zu Oslo iwwer Internet respektiv Telefon bestallt a bezuelt.
Am ganze ginn et fir d'Generalprouwen, zwou Halleffinallen an d'Finale de 29. Mee, 90'000 Ticketen, déi deierst kaschte bal 200 Euro.
Fir déi éischt Dausend Kaarten ze verkafen hat et elo keng 10 Sekonne gedauert.