Presented by
LuxConnect
Voyages Flammang
Supported by
Dessange
Camille Albane
ByTun
Machado Johny
Galeries Lafayette
Gläich ass et souwäit

A knapp zwou Wochen ass de Luxembourg Song Contest an der Escher Rockhal
Sandy Schmit

De 24. Januar ass déi national Virentscheedung. Fir de Gewënner geet et am Mee op de Eurovision Song Contest op Wien.
Dëst ass e Symbolbild.
© RTL Grafik

De 24. Januar ass déi grouss Finall vum Luxembourg Song Contest zu Esch an der Rockhal, déi ënnert dem Motto “Your time to shine” steet. Fir déi aacht Finalisten, déi zanter Enn Oktober feststinn, gëtt et dann Eescht. Wéi bei der Eurovisioun gëtt de Gewënner duerch eng gemeinsam Ofstëmmung duerch d’Spectateuren an e Jury, deen zesummegesat ass aus 40 Experten aus aacht Länner. Fir den LSC-Gewënner geet et dann am Mee a Richtung Éisträich, fir Lëtzebuerg beim ESC an der Wiener Stadthalle ze vertrieden. Dass Éisträich den ESC 2026 organiséiert, huet d’Victoire vum JJ d’lescht Joer zu Basel méiglech gemaach.

Déi ganz LSC-Show gëtt live op RTL Télé Lëtzebuerg iwwerdroen an och op allen digitale Plattformen op Lëtzebuergesch, Englesch a Franséisch. Déi Leit, déi live bei der grousser Finall an der Rockhal wëllen dobäi sinn: d’Tickete kritt een am Virverkaf um Rockhal-Site.

Klickt hei, fir Ären Ticket ze kafen


Back to Top
televie-logo