
Nemo hat den ESC 2024 gewonnen, huet awer lo decidéiert, en Zeechen ze setzen am Hibléck op de Boykott vum Concours. Nemo gesäit d’Participatioun vun Israel als Widdersproch géint d’Wäerter vun der Eurovisioun. Virun him hate schonn e puer Länner annoncéiert, net méi beim ESC wëlle matzemaachen. Ganz rezent huet jo och Island decidéiert, net méi dobäi wëllen ze sinn. D’Belsch, Schweden a Finnland iwwerleeën nach, Lëtzebuerg denkt net iwwer e Boykott no.
D’Schwäizer Musekstalent huet drop verwisen, dass e Resultat vun der Enquêtëkommissioun vum UN-Mënscherechtsrot seet, Israel hätt e Genozide an der Gazasträif begaangen. D’Participatioun vum Land wier am Konflikt tëscht de selwer proklaméierte Wäerter wéi Eenheet, Inclusioun an Dignitéit. “Wann d’Wäerter, déi mir op der Bün feieren, net hannert der Bün gelieft ginn, si souguer déi schéinste Lidder ouni Bedeitung”.
D’Trophée geet deemno zeréck bei d’EBU op Genf. Hie géif se réischt zeréckhuelen, wa bis d’Wierder vun der Rundfunkunioun sech mat den Handlungen ofdecke géifen. “Bis dohi gehéiert d’Trophée iech”.
An de leschte Wochen hat d’EBU jo bekannt ginn, dass Israel trotz der Kritik an de Virwërf vu Krichsverbriechen erlaabt kritt, dobäi ze sinn.
Den Direkter vum Eurovision Song Contest Martin Green hat sech en Donneschdeg an engem Bréif un d’Fans vum Concours geriicht. Hie wéisst, dass d’Faiten am Noen Osten a Verbindung mam ESC bei ville Mënsche fir staark Emotiounen suergen. Et ass eng Reaktioun op vill rose Bréiwer an Aussoen, déi un hien adresséiert goufen. “Ech wëll soen, dass mir Iech héieren. Mir verstinn Är Gefiller, an et beréiert eis genee sou.” Hien huet sech am Bréif och un déi 5 Länner geriicht, déi den ESC boykottéieren. “Mir all hei respektéieren hir Positioun an Decisioun”, ma hie géif awer hoffen, dass d’Sendere geschwënn nees bei den ESC zeréckkommen, well “et zemools an enger gespléckter Welt wichteg wier, e Raum ze bidden, an deene Millioune Mënschen dat Gemeinsaamt feiere kënnen”.