Déi lescht Preparatioune lafen deemno op Héichtouren, et si jo och just nach knapp dräi Deeg bis zum groussen Event. Luuchte blénken an et gëtt an allen Ecker vun där grousser Hal gehummert. Iwwerall gëtt geschafft, fir dass um groussen Dag alles prett ass. Wärend déi lescht Prouwe fir d’Artisten ustinn, schaffen déi technesch Ekippen dorunner, eng riseg Bün opzeriichten, un där méintelaang geplangt ginn ass.
Wien net méi bis e Samschdeg waarde kann an de Virwëtz einfach ze grouss ass, deem gi mir hei schonn en exklusiven Abléck, wéi d’LSC-Bün vun dësem Joer ausgesäit.