Dessange
Camille Albane
ByTun
Machado Johny
Galeries Lafayette
Bléck zeréck an d'ESC-Geschicht

Fënnef Mol huet Lëtzebuerg d'Eurovision scho gewonnen – een Ex-Kommentator erzielt
RTL Lëtzebuerg

Déi éischt Eurovisioun war 1956 an der Schwäiz a genee dohi geet et dëst Joer am Mee nees hin.
Bléck zeréck an d'ESC-Geschicht
38 Länner maache bei dëser Editioun 2025 mat. Lëtzebuerg hofft op déi sechst Victoire. Ma lo geheie mer mol e Bléck an de Passé.

38 Länner maache bei dëser Editioun 2025 mat. Lëtzebuerg hofft op déi sechst Victoire.

Den Eric Lehmann, Chef vun der Lëtzebuerger Delegatioun fir d’Eurovisioun, war viru Kuerzem op Visitt zu Paräis an huet do mam André Torrent, engem fréieren RTL-Animateur an Eurovisioun-Kommentator, zeréckgekuckt op déi lëtzebuergesch Museksgeschicht.

“Fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg ass déi Visibilitéit, déi d’Eurovisioun offréiert, wann ee bedenkt, dass 160 Milliounen Zuschauer deen Owend ageschalt sinn, ass dat natierlech eng schéi Vitrinn fir eist Land, fir den Nationbranding. Natierlech och fir eis Museksindustrie, eis Musekszeenkandidaten, déi do eng éischte Kéier virun esou eng risegrousse Public stinn. Dat ass jo grandios. An da muss een dat och bedenken, wéi eng Repercussioun dat huet, esou eng grouss Visibilitéit offréiert ze kréien”, sou den Eric Lehmann.

Back to Top
televie-logo