Presented by
LuxConnect
Voyages Flammang
Supported by
Dessange
Camille Albane
ByTun
Machado Johny
Galeries Lafayette
Eurovision 2024

Frankräich schéckt de Sänger Slimane op Malmö
RTL Lëtzebuerg

Eis franséisch Noperen hu schonn decidéiert, wie si beim ESC 2024 a Schweden wäert vertrieden. De Kandidat fir Lëtzebuerg steet Enn Januar fest.
© Photo by Valery HACHE / AFP

E Mëttwoch huet de Chef vun der franséischer ESC-Delegatioun matgedeelt, datt de Sänger Slimane, dee scho dräi eenzel Alben an en Album als Kooperatioun mat der Sängerin Vitaa erausbruecht huet, Frankräich wäert den 11. Mee zu Malmö vertrieden. Untriede wäert de Sänger mam Lidd “Mon amour”, datt e Mëttwoch den Owend dem franséische Publikum wäert presentéiert ginn. De 34 Joer ale Sänger ass duerch déi franséisch Versioun vun “The Voice” 2016 entdeckt ginn a schreift a komponéiert seng Lidder all selwer.

Frankräich ass domadder eent vun den éischte Länner, wat hire Kandidat fir d’Eurovisioun scho presentéiert huet. Eenzeg Zypern (Silia Kapsis), Griicheland (Marina Satti) an d’Belsch (Mustii) waren hei méi séier.

Wéini steet de Kandidat fir Lëtzebuerg fest?

Back to Top
televie-logo