ESC-Stëmmung an Ambassade

Lëtzebuerg feiert seng ESC-Kandidatin zu Wien
Jeff Spielmann

Kuerz virum Eurovision Song Contest 2026 huet d’Lëtzebuerger Ambassade zu Wien op eng offiziell Receptioun zu Éiere vun der Lëtzebuerger Kandidatin Eva Marija invitéiert.

Nieft ville Lëtzebuerger vu Wien waren och Membere vun der ESC-Delegatioun dobäi.  

De Lëtzebuerger Ambassadeur Jean Graff huet a senger Ried déi enk Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg an Éisträich ënnerstrach an dem Eurovision Song Contest eng wichteg Roll fir de kulturellen Austausch zougeschriwwen.

Fir ESC-Flair hu Special Guests wéi d’Sängerin IREM an den éisträicheschen ESC-Participant Cosmo gesuergt.  

 Fir Eva Marija an d’Lëtzebuerger Delegatioun war d'Receptioun eng Geleeënheet, sech kuerz virum grousse Concert mat Supporteren a Partner ze treffen.

Back to Top
televie-logo