Op rockhal.lu
Tickete fir d'LSC-Finall ginn et vun e Mëttwoch um 17 Auer un
Wie bei der grousser LSC-Finall mat dobäi wëll sinn, ka sech vun de Mëttwoch den Owend un seng Tickete besuergen.
De 24. Januar ass déi grouss Finall vum Luxembourg Song Contest an der Rockhal. De Gewënner vum LSC wäert jo de Grand-Duché op der Grousser ESC-Bün zu Wien an der Woch vum 11. bis de 17. Mee vertrieden.
Wann Dir bei der Finall vum Luxembourg Song Contest mat dobäi wëllt sinn, kënnt Dir vun e Mëttwoch de 17. Dezember um 17 Auer un Är Ticketen um Site vun der Rockhal bestellen.
LSC 2026: Grouss Freed bei de Finalisten (30.10.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
LSC-Finaliste preparéiere sech op déi grouss Bün
De leschte Weekend huet RTL Workshops organiséiert, wou d’Kandidate sech besser kenneléiere konnten an als Grupp zesummewuessen.