Am Live! Planet People goung et e Freideg den Owend ëm de Luxembourg Song Contest, d'Expo Creativ an e Lëtzebuerger Influencer.

D'Désirée Nosbusch verbënnt ee mam ESC vun 1984 a steet e Samschdeg beim Luxembourg Song Contest nees op der Bün. Zesumme mam Melody Funck, Raoul Roos a Loïc Juchem féiert d'Désirée duerch dee groussen Owend an der Rockhal, wou d'Lëtzebuerger Lidd fir Malmö gesicht gëtt. Deemools am groussen Theater huet d'ganz Welt op de Grand-Duché a seng jonk Animatrice gekuckt, déi mat 12 Joer fir "Radio Luxemburg" entdeckt gi war a mat 14 scho reegelméisseg beim ZDF Sendungen animéiert huet. A wann een haut vum Désirée Nosbusch schwätzt, denkt een éischter un d'Actrice, bekannt aus ville Filmer a Serië wéi Bad Banks oder Sisi.

D'Heike Schäefer ass dëse Weekend um Kierchbierg op der Expo Creativ a léiert d'Leit bastelen. D'Demande op dësem Gebitt ass grouss an dofir verwonnert et och net, dass dës Foire elo scho fir d'10. Kéier zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt. Vum Molen iwwer d'Bastele bis bei d'Bitze gëtt alles gebueden an et gëtt och verschidden nei Trends, fir kleng Souveniren ze realiséieren oder e Kaddo fir anerer ze bastelen. Der Fantasie si bekanntlech keng Grenze gesat.

RTL

De Carlo Schneider ass en Influencer an op Instagram als travel.renaissance.man aktiv. Hien huet eng Nisch fonnt, wou hien elegant Kostümer a kuerze Clippe virstellt, mee och Destinatioune wéi Paräis, Mailand, Athen, awer och Houston oder Mexico-City presentéiert. Hien ass dat beschte Beispill, dass een net bluttjonk muss sinn, fir genuch Follower ze fannen, deenen hie reegelméisseg nei Abléck an dat schéint Liewe vun der High Society mat Businessflich an deieren Autoe gëtt an esou d'Leit zum Dreemen animéiert.

RTL

Spontan Iwwerraschung wärend der Emissioun

Wärend der kuerzer Paus gouf d'RTL-Ekipp, dass nach eng speziell Persoun géing d'Wuert ergräifen. An dat war keen anere wéi den Alexander Igorovitsj Rybak. Hien huet och direkt fir déi zweet Iwwerraschung gesuergt an annoncéiert, dass hien als Special Act op der Finall vum LSC wäert optrieden.

Info:
Den Alexander Igorovitsj Rybak ass en belarussesch-norwegesche Sänger, Violonist, Komponist  an Acteur, deen 2009 den Eurovision Song Contest mat sengem Lidd "Fairytale"  gewonnen huet. Mat 387 Punkten hat hien domat déi héchst Punktzuel virum neie Votingsystem (2016) a mat 169 Punkten de gréisste Virsprong an der Geschicht vum ESC. 2018 hat hie sech fir Norwegen eng weider Kéier fir den Eurovision Song Contest qualifizéiert a koum op déi 15. Plaz.