Vun elo u sinn et just nach 41 Deeg bis et fir d'Tali Direktioun Malmö a Schweden geet, an zwar op déi grouss ESC-Bün.

En Dënschdeg gouf um YouTube-Kanal vum Eurovision Song Contest devoiléiert, a wéi enger Reiefolleg déi verschidde Länner an den zwou Halleffinallen untrieden. Lëtzebuerg muss sech mam Tali jo an der zweeter Ronn vun der éischter Halleffinall géint d'Konkurrenz behaapten. Zu dëse Géigner zielen *Däitschland, Slowenien, Finnland, Moldawien, Schweden, Aserbaidschan, Australien a Portugal.

Mir erënneren eis, beim Tirage gouf de Grand-Duché fir de 7. Mee gezunn an dat an der zweeter Hallschent vun der éischter Halleffinall, déi zweet Halleffinall mat och zwou Ronnen ass den 9. Mee. Vun de Presentatricen hat et jo en plus geheescht, déi beschte Chancen hätt een um Schluss vun der éischter Halleffinall. A ganz um Wupp vun den Optrëtter op deem Owend ass da lo Lëtzebuerg.

*Däitschland gehéiert wéi Frankräich, Spuenien, Groussbritannien an Italien zu de sougenannte Big Five. Dës Länner sinn automatesch an der Finall, trieden awer bei den Halleffinalle mat op.