D’Rockhal organiséiert Enn September e Songwriting Camp fir de Luxembourg Song Contest an de Eurovision Song Contest.

Et géif ee mat internationalen a nationale Songwriter zesummeschaffen, heescht et um Internetsite rocklab.lu.
A klenge Gruppe géif geschafft ginn, fir nei Lidder ze komponéieren. De Camp ass vum 27. bis den 30. September an d'Participatioun kascht 300 Euro, mat Hotel ass et e Käschtepunkt vu 700 Euro.

Lëtzebuerg ass och 2025 beim ESC dobäi

De Grand-Duché ass och 2025 nees beim ESC dobäi. D’Konditioune fir matzemaachen, kann een hei noliesen. D’Aschreiwunge sinn op bis de 6. Oktober 2024. 2025 ass de Eurovision Song Contest an der Schwäiz, dat nodeems Nemo 2024 de Contest gewonnen huet.