D'MÄNA ass déi jéngste Kandidatin vum Luxembourg Song Contest dëst Joer.

A Wierklechkeet heescht si Alexia Rodrigues an de Kënschtlernumm wier en Hommage un hir Groussmamm, déi Mena geheescht huet.

D'Musik ass scho laang e grousse Bestanddeel vum Alexia hirem Liewen: Si huet schonn ëmmer gäre gesongen an huet zu Diddeleng an der Museksschoul Flütt a Gei geléiert. Zejoert war si och scho fir den LSC ugetrueden, ma si denkt, et wier gutt, dass si do net virukomm ass. Elo wier si méi räif an hätt an deene leschte Méint kënnen hire Projet entwéckelen.

Ma d’Musik ass net déi eenzeg Konschtform, an där d’Alexia sech ausdréckt. Am Jongelycée zu Esch war si op der Konschtsektioun a konnt do an der visueller Konscht hiren eegene Stil fannen. Dee beschreift si als abstrakt, mat ville Linnen.

D’Mole kombinéiert si mat hirer Passioun zur Musik: esou gestalt d’Alexia och d'Covere vun hiren eegenen Alben.     
Si huet awer och eng sportlech Säit: D’Alexia geet reegelméisseg op Lamadeleine an de Zumba. Dësen Hobby ass fir si eng Aart a Weis, fir dem Stress aus dem Alldag ze entgoen, well duerch d’Beweegung an hir Frënn am Kuer wier hir Laun dono ëmmer gutt.  
  
D’Alexia Rodrigues ass déi jéngst vun de siwe Finaliste vum Luxembourg Song Contest 2025 an trëtt mat hirem Lidd “Human Eyes” un. Hiert Lidd ass inspiréiert un enger Trennung, déi si rezent erlieft huet. Doropshin hunn de Mattias Skantze an de Robin Larsson d'Lidd produzéiert. D’Alexia hat dës zwee Produzente bei den Auditions fir den LSC2024 kennegeléiert.

MÄNA - Human Eyes

Den Ament studéiert d’Alexia fir Enseignante am Primär zu Baaschtnech an huet am Januar nach Examen op der Uni, ier et lass geet mam LSC.