© RTL Grafik
Gläich ass et souwäit, de 25. dëse Mount um 20 Auer ass déi zweet Editioun vum Luxembourg Song Contest.
D'Show an der Rockhal versprécht nach méi spektakulär ze ginn, wéi d'Joer virdrun. Do decidéiert sech jo, wie vun de siwe Finalisten d'national Selektioun gewënnt a Lëtzebuerg zu Basel um Eurovision Song Contest vertrëtt. Dat decidéiert net just en internationale Jury, och Dir kënnt matbestëmmen, wien dat ass.
Natierlech gëtt den Event live iwwerdroen op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an um Play, an dat op 3 Sproochen: Lëtzebuergesch, Englesch a Franséisch.
Wann Dir léiwer ganz no mat dobäi sidd, dann heescht et allerdéngs, sech bäimaachen, well sou ganz vill Tickete ginn et net méi. An eppes sief schonn emol gesot: dës Show wëllt Dir op kee Fall verpassen!
Raoul Roos a Loïc Juchem nees Host-Duo
Déi zwee dynamesch RTL-Presentateuren hunn hiren Job d'lescht Joer op der LSC-Bün esou gutt gemaach a ware selwer och begeeschtert vun dëser neier Erfarung, dass si och dëst Joer nees gefrot goufen.
A wat wier eng Show ouni Show-Act? Fir den Owend nach méi memorabel a flott ze gestalten, sinn dann och nees zwee musikalesch Highlighten ageplangt. Ze vill wëlle mer nach net verroden, mä et handelt sech ëm zwee fréier Eurovision-Gewënner.
Tali presentéiert nei Single
Ee Personnage weess nach ganz genee, wéi et sech ufillt, esou kuerz virun der LSC-Finall. 2024 war d'Tali jo als Gewënnerin bei der nationaler Selektioun ervirgaangen an huet zu Malmö a Schweden eng super 13. Plaz erreecht.
Lo ass d'Tali zeréck mat engem neien Album am Gepäck a presentéiert den Debut-Song "Dear Parents" live de 25. Januar an der Rockhal op der LSC-Bün.
Mir hunn e Gewënner-Trophée!
Ufank November hate mir den Opruff fir en neien Trophée lancéiert. Et sollt en originaalt a kreatiivt Wierk ganz am LSC-Esprit erageschéckt ginn. 4.500 Euro hu gelackelt an iwwert déi ka sech d'Glasbléiserin Pascale Seil freeë mat hirer Kreatioun.
Dat war awer net alles!
Et waart nach déi eng oder aner Iwwerraschung bis de 25. Januar op Iech, et heescht also d'Aen an d'Oueren opzehalen. Sämtlech Informatioune fënnt een op eurovision.lu.