Déi lescht zwou Wochen hu mir schonn e puer Kandidate vum Luxembourg Song Contest kennegeléiert. Dës Kéier ass et um Grupp Rythmic Soulwave.

De Grupp gëtt et zanter 2 Joer, vill vun de Museker maachen awer scho méi laang zesumme Musek. Anerer si réischt virun engem hallwe Joer dobäi komm. Si kenne sech awer alleguerten duerch de Stater Conservatoire. D'Iddi, fir déi eege Band hate si och wärend engem Kuer, an deem si vill Theorie hu musse béchsen.
 
"Mir waren zum Schluss vun engem Examen am Conservatoire an et war wierklech schwéier. Mir waren all komplett verluer. Den Diego war niewent mir an ech sot zu him 'Firwat spille mir net einfach Musek?' Hie war esou: 'Dat ass eng gutt Iddi'. An do hu mir eis ëmgedréit bei d’Carmen an hunn hatt gefrot, ob hatt sange wéilt. Et ass am Fong esou wéi et gegrënnt gouf", erënnert sech de Maël Fontana. Hien ass de Bassist bei Rythmic Soulwave.

De Leopold Strauss an de Lörinc Zakar spillen Trompett a Piano a sinn déi jéngst aus der Band. Si sinn och zesummen an der Klass a maache grad eng 2ième F. D'Angela Aguilera Caballero spillt d'Gei an ass virun e puer Méint bäigetrueden. Den Diego Lucero ass Batteur an d’Carmen Carbonell Suarez ass d’Sängerin. Si spille vill Funk, Soul a moderne Pop, mee wéilten a kéinte sech net op eng Beschreiwung vun hirer Museksrichtung festleeën.
 
"Le genre de musique qu'on fait, ça nous représente, c'est-à-dire, on est des musiciens, qui viennent un peu de partout, mais on est aussi formé dans la musique moderne, jazz, pop, rock et latino. Donc, on essaie aussi de représenter ça", beschreift d’Sängerin Carmen de Grupp.

Si si 6 Museker, déi 6 verschidden Instrumenter spillen a 6 ganz verschidde Geschichten z'erzielen hunn. Wat si awer deelen, ass déi universell Sproch a Léift zur Musek. Si maachen awer net just Musek zesummen, mee sinn och Frënn. Hiert Lidd "Stronger", dat si um Luxembourg Song Contest a bësse méi wéi enger Woch presentéieren, soll e positive Message vermëttelen.

D’Lidd gouf iwwregens vum Carmen Carbonell Suarez zesumme mat senger Schwëster Naomi Ayé geschriwwen. D'lescht Joer huet d’Naomie Ayé mat "Paumée sur Terre" selwer beim LSC matgemaach. "Stronger" ass och vun him produzéiert ginn.