Mam Lidd "Gambler's Song" huet sech d'Band eng zweete Kéier fir de Luxembourg Song Contest qualifizéiert. Domat sinn déi fënnef Musekerinnen a Museker eng zweete Kéier an der Competitioun fir Lëtzebuerg op der Eurovisioun ze representéieren.
"Wat aneschtes ass, d’Leit kennen eis schonn e bëssi. Mir sinn interessant, awer vläicht e bëssi sou en Déjà-vu. Dowéinst probéiere mer dëst Joer verschidde Saachen aneschters unzepaken an de Leit vläicht nach méi Loscht ze ginn. An och mam Lidd wäerte mer dann de Leit weisen, ok 'dir hutt eis scho gesinn, mee mir kënnen nach aner Säite vun eis weisen'", seet d’Babara Salvi.
D’Iddi fir d’Lidd "Gambler's Song" haten zwee Memberen aus der Band, den Andrea Galleti an de Jonathan Fersino, an engem Songwriter Camp, wou se an enger Ekipp mat anere Songwriter zesummegeschafft hunn. Am Text geet et drëms, dass d’Band "All in" geet fir d’Musek.
"Mir wëssen, mir hunn e speziellt Lidd, wat vläicht net onbedéngt jidderengem gefält, mee mir hunn alles op déi Kaart gesat. An dorëms geet et. An och generell an der Musek, mir ginn einfach alles fir d’Musek", seet den Andrea Galleti, de Sänger a Gittarist vun der Band.