Et huet ugefaange mat engem Opruff u Kënschtler, fir en Trophée am Esprit vum Luxembourg Song Contest ze kreéieren.
Well d’Pascale Seil schonn Trophéeë gemaach huet, war d’Glasbléiserin inspiréiert, fir en Unikat aus Glas ze produzéieren. An et huet sech gelount, well si gouf selektionéiert, fir den LSC-Trophée an hirem Atelier zu Bäerdref ze produzéieren.
Form geholl huet d'Iddi op enger Tafel an hirem Atelier, wou d’Pascale den éischten Design gemoolt huet. D'Kënschtlerin hat sech un der Form vun engem ale Mikro inspiréiert:
"D'Iddi ass mer direkt komm, fir dann e Gesiicht an engem Glas ze maachen. Een dee séngt, dass eng Transparenz ass, eng glaskloer Stëmm. An dann, d'Nouten, déi maachen d'Musek, déi herno 'gesandstraalt' ginn drop. De Mond hunn ech e bësse méi op gemaach, fir datt et wierklech esou ausgesäit, wéi wann e géing sangen an dann ass d'Loft, déi dann am Kierper gefaangen ass an déi s du och brauchs fir ze sangen."
D'Wierk ass eng Zesummenaarbecht
Eleng wier et guer net méiglech, esou eng Kreatioun hierzestellen. D'Glas dierf net ze vill ofkillen an dofir muss alles séier goen. D'Glas muss ëmmer a Beweegung sinn, fir dass et riicht bleift oder gedréit ginn, fir et méi laang ze maachen.Glasblosen hëlt vill Zäit an Usproch, well wann den Objet bis geblosen, d'Form zefriddestellend an och ofgekillt ass, kann ee se net méi veränneren.
Aus Glas an awer stabil
Obschonn den Trophée aus Glas ass, misst ee sech keng Gedanke maachen, dass se kéint brieche wa se an der Rockhal iwwerreecht gëtt. "Et ass jo awer relativ déckt Glas, de Sockel ass massiv. Also ech hat nach ni e Problem domat, dass en Trophée futti gaangen ass."
Den Trophée gëtt de 25. Januar op der Bün an der Rockhal un de Gewënner vum Luxembourg Song Contest iwwerreecht.