Dem Rafaela Teixeira Fernandes ass et wichteg, sech wuel ze spieren an hirem Kierper an dat net just fir eng besser Bünepresenz.
Einfach war et als Kand net. Wéinst der mockeleger Figur war Mobbing ëmmer e grousst Thema, bis iergendwann e Wiessel koum. Sport, besonnesch awer Zumba gehéiere lo fest zum Liewe vum Rafaela dobäi, genee wéi d'Musek.
Besser bekannt ass d'Sängerin ënnert dem Numm Rafa Ela. An deen Numm kennen déi Leit, déi d'lescht Joer schonn de Luxembourg Song Contest verfollegt hunn. 2024 war dat am Duo mam Angy mam Lidd "Drop", dëst Joer steet si eleng op der Bün mat engem Lidd, dat si am Summer 2023 zesumme mat de schweedesche Produzente Christoffer Jonsson a Johan Jämtberg geschriwwen a produzéiert huet. "No Thank You" ass dem Rafa Ela hiert éischt Latin-Pop-Lidd, mat deem si et wëll op den ESC packen.
"Mäi Wonsch, op den ESC ze goen, dee wäert ech ëmmer hunn. Bis den Dag, wou ech do sinn an da wäert ech et net gleewen. De Wonsch vu Klengem u war schonn ëmmer, do op déi grouss Bün ze goen. Déi lescht Editioun, wou d'Tali matgemaach huet. Ech souz um Buedem mam Lëtzebuergesche Fändel, gespaant endlech Lëtzebuerg ze gesinn. Dat war eng enorm Emotioun. An ech mengen, wann ech selwer kann de Fändel do rausbréngen a soen: Ok ech sinn dat, wat mäi Land representéiert. Schonn nëmmen esou kréien ech Héngerhaut, driwwer ze schwätzen. Déi Emotioun wäert ech guer net beschreiwe kënnen. Dat wär en enorme Stolz fir mech".
Ënnerstëtzung kritt d'Rafa Ela vun der Famill, wou d'Eurovisioun zanter jeehier Traditioun ass. "Den Dram beim ESC op der Bün ze stoen, deen hu si och fir mech", sou d'Sängerin.
Siwe verschidde Bands oder Sängerinnen a Sänger ginn dëse Samschdeg an der Live-Show Luxembourg Song Contest alles, fir den Ticket fir op Basel ze ergatteren.