Mir ware mat der Kamera bei de Preparatioune fir den Luxembourg Song Contest dobäi.
An der Rockhal ass an der Woch virun der grousser Show alles op Héichbetrib gelaf. Ronn 250 Persoune sinn insgesamt um Luxemboug Song Contest bedeelegt: Vun de Produzenten iwwert d'Hostessen hin zu de Kënschtler. Déi all ze koordinéieren ass d'Aarbecht vum Elisabeth Conter a vum Tom Weber.
"Déi gréisst Erausfuerderung ass eigentlech, den Iwwerbléck ze halen iwwer alles. Déi richteg Fiedem zum richtege Moment, fir dass de Puzzle herno zesummepasst. Fir dass jidderee weess, wou en hi muss, wou e stoe muss, wou en net hin dierf. An dass dat dann duerno fir d'Leit flott gëtt", sou d'Elisabeth Conter, Project Manager vun Eurovision Luxembourg.
D'Häerzstéck vun der Show – déi grouss Bün – ass bannent just aacht Deeg opgeriicht ginn. Eng Dose Camione waren am Asaz, fir alles op d'Plaz ze bréngen.
"Et ass eng ganz nei Bün. Dat heescht et ass am Fong näischt vum leschte Joer, wat mer iwwerholl hunn. Dëst Joer ass d'Bün e bësse méi an der Mëtt, se ass och méi grouss ginn, dat heescht d'Artiste kënnen nach méi an d'Leit selwer kommen. Alles, wat Luucht ass, hu mer da ronderëm an den Highlight si mengen ech déi ganz LED-Ecranen, déi iwwerall ronderëm d'Bün verdeelt sinn", seet den Tom Weber, techneschen Direkter vun RTL.