Mam Lidd "La poupée monte le son" representéiert d'Laura Thorn Lëtzebuerg am Mee zu Basel um Eurovision Song Contest.
Zanter e Samschdeg den Owend ass gewosst, wien de gëllenen Ticket krut an de Grand-Duché béi dësem Concours vertriede wäert. D'Decisioun ass am Kader vum Luxembourg Song Contest an der Rockhal zu Esch gefall.
Den Undrang an den Interessi ware grouss. Fans, Frënn, Famill a Prominenz aus dem Kultursecteur waren e Samschdeg den Owend an der Rockhal dobäi, ma och eng jett Vertrieder aus der Politik.
D’Kandidatinnen an d'Kandidaten, souwéi d'Bands hunn hiert Bescht ginn an immens Performancen op der phenomenaler Bün ofgeliwwert. Am Häerz fille si sech all wéi Gewënner. Eleng dobäi gewiescht ze si bei esou enger eenzegaarteger Show, war een Highlight. Jiddereen hätt et verdéngt weiderzekommen.
Ma zum Schluss konnt et nëmmen ee Gewënner vum LSC 2025 ginn an dat ass d'Laura Thorn mam Lidd "La poupée mont e le son".
Am Mee geet et dann op Basel an der Schwäiz. En Avant-goût, wéi et sech de Saz "12 Points for Luxembourg" ufillt, dat gouf et e Samschdeg da schonn.
Vun der Bün direkt an den Interview
Knapp war de Gewënner-Optrëtt eriwwer stoung déi frëschgebake Gewënnerin vum Luxembourg Song Contest virum RTL-Mikro. Den Olivier Catani huet also déi alleréischt Reaktiounen nom grousse Moment agefaangen.
"Ech hunn et nach net realiséiert"
"Ech fille mech net, wéi wann ech den LSC gewonnen hätt", esou d'Laura Thorn um Mikro kuerz no der Show, dat betount, dass et eng "mega Erfarung" gewiescht wier, virun esou engem grousse Publikum ze sangen.
"Ech kéint net méi glécklech sinn"
Déi jonk Sängerin géif gären och weider nach am Conservatoire schaffen. Op der anerer Säit wéilt si awer och gären owes op der Bün stoen a performen.
"Ech ginn d'Saachen ëmmer spontan un. Ech hu lo kee genaut Zil, ech wëll elo net genau soen, 'genee dat erhoffen ech mer, ech wëll genee dat erreechen'. Ech wëll einfach elo kucken, wou dat mech hibréngt."
Wann een eng Opportunitéit kritt misst een de Wee och goen, sou nach déi iwwerglécklech LSC-Gewënnerin.

© David Winter/RTL
"Mega Fan vum France Gall"
D'Laura ass dann och e mega Fan vum France Gall, virun allem, well d'Sängerin déi franséisch Chanson markéiert huet. Dowéinst wier d'LSC-Gewënnerin och houfreg, dass et der franséischer Legend en Hommage maache konnt. Ma et wier awer och houfreg iwwert seng Leeschtung: "Ech si stolz drop, wat ech haut gemaach hunn, et war haart an intensiv. Et war déi éischte Kéier, dass ech misst simultan sangen, danzen an d'Kamera am A behalen. Déi éischt Prouf war eng Katastroph, 'I fucked up'."
D'Performance vun dësem Owend soll an enger änlecher Form fir Basel bäigehale ginn, och wann et keng 1:1-Kopie wäert ginn. Wärend der Pressekonferenz huet der frësch gebakener Gewënnerin vum LSC dann och eng Iddi vun engem Journalist besonnesch gutt gefall, nämlech d'Lidd och emol op Lëtzebuerger erauszebréngen.
"Fir d'Lidd op franséisch ze performen, huet erausgestach"
Ma wisou ass d'Lidd iwwerhaapt op franséisch? "Ech hunn de Song net geschriwwen, dee war scho fäerdeg, wéi ech e kritt hunn. Ech hunn de Projet direkt super fonnt a war direkt 'in'. Mä ech hunn et immens gär op franséisch ze sangen. Ech mengen, dass vill Leit franséisch Lidder an d'Sprooch gär hunn... dass déi meescht Lidder op Englesch sinn, ass gutt fir mech, domadder stiechen ech eraus.