![RTL](https://stock.rtl.lu/rtl/1225/rtl2008.lu/nt/p/2025/01/26/22/be1b58a59ca4a04ee8387fd638a6b450.jpeg)
© Steve Müller / RTL
Fir déi zweete Kéier gouf e Samschdeg an der Rockhal de Luxembourg Song Contest organiséiert.
D'lescht Joer war et no iwwer 30 Joer Abstinenz eng Première. Lëtzebuerg hat säi Comeback bei der Euroviosioun an huet sech mam Tali a sengem Lidd "Fighter" op eng super 13. Plaz gekämpft.
Zanter e Samschdeg den Owend steet d'Nofollgerin vum Tali an déi néi Vertriederin vum Grand-Duché beim internationale Museksconcours fest. D'Laura Thorn konnt sech mam Lidd "La Poupée Monte Le Son" géint déi sechs aner LSC-Finalisten duerchsetzen an huet um Enn vun der phenomenaler Show an der Escher Rockhal déi gliesen Trophée an domat den Ticket fir an d'Schwäiz gewonnen.
![RTL](https://stock.rtl.lu/rtl/957/rtl2008.lu/nt/p/2025/01/26/22/ffdba894520fac07102c2071d6c29d61.png)
Zu Basel trëtt Lëtzebuerg dann an enger vun den Halleffinallen den 13. oder 15. Mee géint 36 aner Länner un a packt et do hoffentlech an déi grouss Finall de 17. Mee.
De Eurovision Village zu Basel hate mer Iech scho virgestallt.
Lëtzebuerg ass iwwregens eent vun de Grënnungslänner vum Eurovision Song Contest. Déi éischt Victoire war am Joer 1961 mam Lidd "Nous les amoureux", gesonge vum Jean Claude Pascal. Mat "C'est peut-être pas l'Amérique" hat hien 1981 du leider manner Succès.
Dem Laura Thorn säi Lidd, dat mir elo sécher nees méi dacks matsange wäerten, ass u keen aneren Titel inspiréiert, wéi un d'Gewënnerlidd "Poupée de cire, poupée de son" aus dem Joer 1965 vum France Gall.
An do wier nach d'Vicky Leandros, déi eist Land direkt zwee Mol vertrueden huet an 1972 zu Edinburgh mam Lidd "Après toi" iwwerzeege konnt. Direkt dat Joer dono konnt de Grand-Duché nach emol den Titel mat heem huelen, dat mam Lidd "Tu te reconnaîtras" vum Anne-Marie David.
Eng fënneft Victoire um Eurovision Song Contest huet Lëtzebuerg nach emol 1983 gefeiert mat "Si la vie est cadeau", gesonge vum Corinne Hermès.
A fält Iech eppes op?
Richteg, et si franséisch Titelen. Hoffe mer, dass dat och dem Laura Thornzu Basel Gléck bréngt. Eis Daume si geréckt fir LetzGoBasel.
D'Finall vum Luxembourg Song Contest am Liveticker
E puer Infoen
Am Ganze gouf den ESC véier Mol hei am Land organiséiert: 1962, 1966, 1973 an 1984. Allkéiers an der Stad Lëtzebuerg.
Lëtzebuerg huet net just fënnef Mol gewonnen, zwee Mol koum eist d'Land op déi drëtte Plaz, 1962 an 1968. 13 Mol ass Lëtzebuerg schonn an den Top 5 gelant, 20 Mol an den Top 10.