Wéi fillt et sech un e Concours wéi den Luxembourg Song Contest ze gewannen? Wéi waren déi éischt Stonnen dono?

Den Olivier Catani war vun deem Moment un dobäi, wou et geheescht huet "and the winner is Laura Thorn". Op Schratt an Tratt war d'Kamera an den éischte Minutten no der Victoire dobäi: vun der Bün iwwer d’Pressekonferenz bis op d’Afterparty.  
Ma e puer Minutten no der Liveshow war net vill Zäit, fir ausgeloossen ze feieren. Vun alle Säite koume se dem Laura gratuléieren. De Premier Luc Frieden, den Ausseminister Xavier Bettel ware mat déi éischt, déi gratuléiert hunn.

"Ech si sou stolz op Iech, Dir kënnt stolz op Iech selwer sinn, d'Land ass stolz op Iech". Mat dëse Wierder huet de Premier sech un déi jonk Sängerin geriicht. Elo waart emol nach déi nächst Etapp an dat ass de Eurovision Song Contest an do hält de Luc Frieden seng Daumen och ganz fest gedréckt.

RTL

An och den Ausseminister Xavier Bettel huet scho verroden, dass hie säin Hotel a seng Tickete fir d'Finall scho gebucht hätt. Hien ass och scho sécher: "Mat deem Lidd packe mer et an d'Finall".

Fir d'Produzente vum Lidd, de Ludovic-Alexandre Vidal an de Julien Salvia, déi schonn zanter 15 Joer zesummeschaffen ass mat der Victoire e  Kandheetsdram an Erfëllung gaangen.

D'Laura Thorn am RTL-Studio
Wéi huet d'Laura sech preparéiert a wéi geet et nom Luxembourg Song Contest weider?
Am Backstage vum Luxembourg Song Contest
Wéi waren d'Minutte virum Optrëtt, wéi leeft et hannert der Bün of? Mir hunn déi 7 LSC-Kandidate begleet.