De Pont Adolphe späre fir en Tournage? Jo dat geet! An der Nuecht op en Donneschdeg war dat nämlech de Fall.

An dat fir e ganz speziellen Tournage fir d'Europäesch Rundfunkallianz (EBU). All d'Artiste vun de Länner, déi beim ESC matmaachen, hunn den Optrag kritt, eng aner Versioun vun hirem Lidd opzehuelen. D'Tali huet sech fir eng akustesch Versioun decidéiert an dofir matten op der Neier Bréck säi Piano higestallt kritt. D'Bréck war fir zwou Stonnen, tëscht 2 a 4 Auer, komplett fir den Trafic gespaart ginn.

Fir déi richteg Kuliss ze fannen, ass de Piano an d’Mëtt vum Pont Adolphe installéiert ginn. Keng ganz alldeeglech Aktioun, déi vill Organisatioun gefuerdert huet. Um 2 Auer an der Nuecht ass et lassgaangen, ma schonn am Virfeld ware vill Preparatiounen néideg, eleng scho fir d'Strooss ze spären an déi ganz Elektronik opzeriichten. Fir d'technesch Ekipp dann awer schonn eng Erausfuerderung. Bannent zwou Stonnen huet alles missen op- an nees ofgeriicht sinn, de Clip huet bis dohin och missen an der Këscht sinn.

Ma net just fir d'Leit ronderëm, och fir d'Tali war et eng laang a spannend Nuecht, an dat schonn ier et op de Set goung. Hoer, Make-up, Outfit, alles muss do sëtzen. Nervositéit huet dann och e bësse matgespillt, huet d'Tali verroden. Am Fräie performen, war fir déi jonk Musekerin mat awer scho genuch Erfarung nei. Et wousst net richteg, wéi sech dat unhéiere géif, ma um Enn huet alles geklappt a jidderee war zefridden.

An nach eppes war nei fir d'Tali. Fir déi alleréischte Kéier ass eng Dron laascht an iwwert et geflunn. Dee ganze Video ass an engem Plang gefilmt, als Plan-séquence, wéi dat an der Fachsprooch genannt gëtt, also ouni iergendee Schnëtt. Den David Steichen war als Pilot vun der Dron responsabel fir déi richteg Astellungen.

Um Enn ass den Tram nach op Kommando iwwer de Pont Adolphe gefuer an huet esou fir een impressionant Schlussbild gesuergt. D'Resultat gesäit een dann an e puer Wochen op de Soziale Medie vun Eurovision.

Andréck vum Tournage mam Tali
Matten an der Nuecht, matten um Pont Adolphe.

D'Tali Golergant steet jo de 7. Mee an der éischter Halleffinall fir de Grand-Duché mat sengem Lidd "Fighter" op der Eurovision-Bün zu Malmö a Schweden, an dat an der zweeter Ronn. Säi Lidd gouf, fir dass et optimal deen Dag an d'Mise en scène passt, nach emol adaptéiert. Bis spéitstens den 29. Mäerz solle sämtlech final Versioune vun de ESC-Participanten op de Streamingplattformen disponibel sinn.

D'Halleffinallen, de 7. an 9. Mee, souwéi déi grouss Finall vum Eurovision Song Contest 2024 den 11. Mee gëtt live op RTL iwwerdroen.