"Ech sinn esou schockéiert. An ech kann et net gleewen, dass se eis als lescht genannt hunn. Ech krut bal en Häerzinfarkt", dat war dem Tali seng éischt Reaktioun um Mikro vum Loïc Juchem no der Show.

D'Leit am Public wieren immens gewiescht, et wier eppes, wat déi jonk Sängerin net méi wäert vergiessen.

"Ech kann et kaum gleewen, dass mir an der Finall sinn. Et ass verréckt."

D'Tali sot am Interview, datt et fir d'Halleffinall schonn e bësse méi nervös  gewiescht wier: "Ech hu mer gesot, den Owend ass et, wou et zielt."

D'Finall ass e Samschdegowend um 21 Auer. Lëtzebuerg wäert an der éischter Hallschent vun der Finall optrieden. D'Tali wäert elo den Owend vill schlofen, dat sot et am Interview, Zäit fir Party ze maachen, wier elo nach keng.

No 31 Joer nees mat dobäi

Fënnef Mol huet Lëtzebuerg scho beim Eurovision Song Contest gewonnen. Mat vill Freed an nach méi Spannung gouf dunn de Retour erwaart. D'lescht Joer war et souwäit an de Grand-Duché huet mat Hëllef vum Luxembourg Song Contest den ideale Kandidat gesicht. De 27. Januar konnt sech d'Tali tëscht all den 8 Kandidaten duerchsetzen an déi éischt Hürd war gewonnen.

Vill gouf geschafft, ënner anerem um Lidd Fighter an Ufank Mee ass et dunn a Richtung Malmö gaangen, fir Lëtzebuerg en Dënschdeg den Owend bei der éischter Halleffinall vum ESC 2024 ze vertrieden. An déi wier elo mol gepackt an d'Tali muss sech an der Finall e Samschdeg nach emol beweisen.

Tali (Lëtzebuerg) mat "Fighter"
No 31 Joer ass Lëtzebuerg nees beim ESC dobäi.

D'Tali op der Pressekonferenz vun den 10 Finalisten

"Musek ass meng Therapie a war ëmmer Deel a mengem Liewen", sou d'Tali op der Pressekonferenz no der Halleffinall vum ESC ugeschwat op seng Musek. Weider betount d'Sängerin, dass Musek, ma virun allem de Eurovision Song Contest "Kulturen a Länner matenee verbënnt".

Tali op der Pressekonferenz
"D'Musék ass méi Liewen."

Weider seet d'Tali och, dass de Fait, dass Lëtzebuerg als lescht Land weiderkomm ass an et bis zum Schluss spannend bliwwen ass, bei him bal en Häerzinfarkt verursaacht huet.

Mat Lëtzebuerg si follgend Länner weiderkomm:

  • Serbien
  • Portugal
  • Slowenien
  • Ukrain
  • Litauen
  • Finnland
  • Zypern
  • Kroatien
  • Irland

RTL ass natierlech den 11. Mee  live fir Iech mat dobäi a streamt d'Finall den 11. Mee aus der Malmö Arena, an dat multilingual op all eise Plattformen.